Menuiserie_Calmes_2

Christophe Calmes
Wagnerei und Stielfabrik Sprinkingen

Haut stelle mer een Handwierksbetrieb vir, dee schons iwer 100 Joer an eiser Gemeng besteet. Em 1870 huet den Här Christophe Calmes vu Sprénkéng als Woner etabléiert. Zu där Zeit sin Gefierer nach all op Bestellung gemeet gin. De Fächer vun de Gefierer war awer schon zimlech grouss.

Vun der Schubkar iwwert den Pärdstemmer, der Kutsch bis op den Heewon gouw alles vun Hand gemeet. Mat der Spalsee sin dann déi eenzel Stëcker vun der Madrill erofgeschnidde gin, duerno as mat dem Schrupphuwel dat meescht eweggehuwelt gin an dann krut Stëck mat der Fou (e langen hölzenen Huwel) de leschte Schlëf.

Wann alles gehuwelt war, dann as et ugerass gin: Zäpp, d’Lächer a.s.w. D’Lächer sin vun Hand mat dem Stemmeisen an de Kläpper (holzenen Hummer) erausgestemmt gin.

Wann d’Wonnbett mat dem Langkol an der “Mécanique” (der Brems) schon eng richteg Handwierkskonscht war, da war d’Machen vun de Rieder eng richteg Artistenaarbecht. Do hun de Wonner an de Schmatt wierkléch hirt Bescht gemeet, fir dass d’Rieder lang durch dëck an denn gelaf sin.

Weider liesen…